Ween haut vun Eisen- a Stolindustrie héiert, denkt automatesch un d’Arbed.
Mee laang virum Stolgigant aus dem Minett gouf et zu Lëtzebuerg eng emseg Eisenindustrie.
Dës Konferenz riicht de Bléck ob d’Schmelze virun der industrieller Revolutioun a weist den Iwwerliewenskampf vu senge Propriétairen am Kontext vu déifgräifende geopolitesche Verännerungen nom Wiener Kongress vun 1815. Dobäi stellt sech d’Fro vun der historescher Bewäertung vun dësen Entrepreneuren: Hu mir et wierklech mat Sturkäpp ze dinn, wéi ee sou oft noliesen kann?
De Marc Birchen ass Historiker (Dr an der Geschicht) a schafft als Geschichtsprofesser am Lënster Lycée Jonglënster.
Fräien Entrée
De Virtrag gëtt op Lëtzebuergesch gehalen
Eng Umeldung ass erwënscht