Back to All Events

Kraiderwanderung an Workshop Hausapdikt aus der Natur

  • D'Millen (map)
  • Google Calendar ICS

Op engem Tour, ronderëm d’Biekerecher Millen, kucken mir ons d’Planzewelt méi genau un. Verschidden wëll Planzen virun der Hausdier sinn ganz an den Vergiess komm. Mais mir erënneren eis un den Sproch : „ Fir alles ass een Kraut gewuess…“

Mir sammelen Planzen an verschaffen des, mat einfachen Rezepter, zu  natierlech wäertvollen Mëttel fir är Hausapdikt opzefëllen, well des Sallef, Tinktur, Sirop asw. kënnt dir duerno mat heem huelen an probéieren.

Den Wee ass gutt begehbar, trotz allem sech dem Wieder ungepasst undoen.
(fest Schong , Reen-/Sonneschutz).

Treffpunkt um Parking vun der Seeërei

Matbréngen: Sammelkuerf, Schéier/ Kichemesser, Notizheft, Bic.

Präis:   20 € / Persoun (Wanderung incl.Workshop an Rezeptheft

Umeldung bis den 5 Oktober : dmillen.lu · · 691 510 370/371