Zu Guédelon (FR) gëtt eng Buerg gebaut, wou d’Handwierker genee wéi am Mëttelalter schaffen, ouni modern Ariichtungen, Stroum oder Waasserleitung, alles ass richteg Handaarbecht wéi am 13. Joerhonnert.
Mir maachen eng Visite op de Schantjen, wou Steemetzer, Zammerleit, Schmatten, Zillebäcker, Schräiner, Moler, Mëller an all déi aner Beruffer, déi op esou engem Schantje schaffen, hiert Kënne weisen.
E faszinéierenden Ausfluch an eng Welt ouni Stress, wou d‘Leit sech mat vill Begeeschterung a Léift zum Detail enger formidabeler Iddi verschriwwen hunn.
Fräien Entrée
De Virtrag gëtt op Lëtzebuergesch gehalen.