Fir déi allerleschte Kéier, virum Ëmbau, kënnt dir wärend den nächste Luxembourg Museum Days (LuMuDays), de Musée vun den alen Handwierker vun der Biekerecher Millen besichen !
Tatsächlech gëtt eise Musée ab September komplett eidel gemaach an an en Energiemusée transforméiert ; en méi modernen Musée, attraktiv a participativ, deen d’nächst Fréijoer seng Dieren opmécht.
Den 15. A 16. Mee mellt iech bei eis, zesummen mat ärer Famill, fir eng lescht Visitt un ; eng Visitt vun 1,5 Stonn, wärend dir nieft dem alen Handwierk d’Geschicht vun der Biekerecher Millen entdeckt, zënter dem éischten Optrëtt am Joer 1328 op engem Dokument ënnerschriwwen vum Blannen Jang (Jean l’Aveugle) ….bis zu senger Transformatioun an e Centre Culturel !
Sonndes 16 Mee, vun 10h bis 18h, op Lëtzebuergesch
Infoen, Renséignement an Inscriptiounen : dmillen.lu
Mail :
Tél. : 691 510 370/371